Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – 2021 steet virun der Dir!

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • Planning éischt Hallschent 2021
    • Wat wëlle mir am nächste Joer maachen?
    • Wéi eng Themen, wéi eng Projete sollen am Virdergrond stoen?
  • Workshop fir an de Schoulen
    • move. gëtt esoubal d’Corona-Situatioun sech berouegt erëm vill gefrot fir Workshops an de Schoulen ze maachen. Wéi kënne mir d’Erkenntnisser aus den Themen a Projete vun dësem Joer an engem Workshop veraarbechten?

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci