move.Versammlung mat YFC & MECO
Add to iCal >D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.
Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.
Wat steet um Plang?
Zesumme mat YFC plangt move. eng Diskussiounsronn mat de Jugendparteien zum Themeberäich Klima- a Biodiversitéitskris.
An dëser Versammlung beschwätze mir zesummen déi zentral Froen déi mir fir dës Diskussiounsronn virbereet hunn an hunn d’Méiglechkeet eis mat Klima- a Biodiversitéitsexperte vum Meco iwwert dës Froen auszetauschen.
Natierlech kënne mir och déi eng oder aner organisatoresch Fro klären.
Dës Versammlung ass online via Zoom!!!
Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.