Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

move.Versammlung – mir bezéien Stellung zu Restopolis!

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • Eis Stellungnam zum Thema Kantinnen/Restopolis ass fäerdeg, genee ewéi all d’Kontaktemailen. Zesumme kucke mir nach eng Kéier iwwert dës an da ginn se nach dës Woch offiziell eraus. Youth for Climate schléisst sech eise Fuerderungen un.
  • D’Lisa an d’Olga ware wärend hirem Stage an engem Lycée de Bols fille bei de Schüler fir besser kënnen anzeschätzen, wéi mir punkto Aktioun wëlle viru fueren an erziele wat hier Aschätzung ass.
  • Mir sinn aktuell zimmlech fläisseg wat eise Podcast “Um Comptoir” ugeet. Déi 9t Episode zum Thema “Foodwaste” gëtt dëse Freide produzéiert an déi 10t Ofschlossepisoden ass schonns fäerdeg. Béid Episode sollen am Mäerz erauskommen, esou dass mir eng néi Staffel kënnen starten. Zesumme kucke mir wéi et mam Podcast soll an der néier Staffel virugoen.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci