BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//wp-events-plugin.com//7.2.3.1//EN
BEGIN:VEVENT
UID:225@move.meco.lu
DTSTART:20221004T070000Z
DTEND:20221004T140000Z
DTSTAMP:20220920T074316Z
URL:https://move.meco.lu/events/visionare-2022/
SUMMARY:Visionäre 2022: Angscht virun der Klimakris? Loosst eis driwer sch
 wätzen!
DESCRIPTION:Wat erwaart dech?\nIwwerschwemmungen an deem enge Summer\, Afe
 nhëtzt an Dréchent an deem nächsten. D’ Noriichte vu Klimaextremer an
  der ganzer Welt kënnen een zimmlech mathuelen\, an och hei bei eis spier
 e mir d’Klimakris ëmmer méi staark. An trotzdeem dréint d’Welt weid
 er an et huet ee séier den Androck\, dass net genuch geschitt fir aus dë
 ser Kris nees erauszekommen. Mëttlerweil gëtt de Klimawandel an de Schou
 len ëmmer méi thematiséiert. Am beschte Fall gëtt och driwwer geschwat
 \, wat ee maache kann fir dem Klimawandel entgéint ze wierken. Wouriwwer 
 awer quasi ni geschwat gëtt ass\, wéi mir mat all deenen dach oft erschr
 eckenden Informatiounen iwwerhaapt ëmgoe sollen.\n\nDe 4. Oktober organis
 éiert move. am Oekozenter Pafendall déi 6. Editioun vum Jugendforum „V
 isionäre“ ënnert dem Titel "Angscht virun der Klimakris?! Loosst eis d
 riwwer schwätzen". Hei kenne bis zu 25 Jonker zesummekommen\, fir sech a
 m Austausch mat der renomméierten Psychotherapeutin Katharina van Bronswi
 jk mat de Gefiller auserneenzesetzen\, déi d'Klimakatastrophe bei eis aus
 léise kann.\n\nD‘Katharina van Bronswijk ass selwer engagéiert am Klim
 aberäich\, Psychotherapeutin a si huet rezent e vill gelueftent Buch erau
 sginn mam Titel „Klima im Kopf – Was die ökologische Krise mit uns ma
 cht“. Hiert Haaptuleies: Thematiséiere wat Noriichten zur Klimakatastro
 ph bei eis ausléisen. Driwwer schwätzen wéi mir domat ëmgoen kënnen. 
 A wat mir brauchen\, fir un eng positiv Zukunft ze gleewen an eis vläicht
  souguer aktiv dofir anzesetzen.\n\nUm Programm steet: Gespréichskrees ma
 t eiser Referentin\, Austausch mat Acteuren aus dem Beräich Klimaaktivi
 smus an nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg. Och fir Verfleegung an der 
 Kaffis- &amp\; an der Mëttespaus ass gesuergt.\nUmeldung bis den 28. Sept
 ember 2022\nMell dech an deng Kolleegen iwwer move@oeko.lu oder iwwert de 
 Formulaire hei riets un\, a so denger Direktioun oder denge Proffe Beschee
 d dass du deelhuele wëlls. Mir kënnen dir e Certificat de participation 
 ausstellen\, wanns du eng fir d'Schoul brauchs. Wanns du zu den éischte 2
 5 Persounen gehéiers\, déi sech umellen\, bass du dobäi! Mir freeën ei
 s op dech :)\n\n&nbsp\;\n\n
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:https://move.meco.lu/wp-content/uploads/2022/09/
 christian-lue-TJiHYUAeTuE-unsplash-scaled.jpg
END:VEVENT
END:VCALENDAR