Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Visitt BENU Village zu Esch

Add to iCal   >

BENU Village zu Esch-Uelzecht ass dat éischt Ecoduerf zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. Hei entstinn eng ganz Rei Projeten am Sënn vun der Nohaltegkeet, vun der Kreeslafwirtschaft a vun der sozialer Responsabilitéit. Méi iwwert hir aktuell Projeten, dorënner zum Beispill och de BENU Shop mat enger Upcycling Schneiderei, gitt dir op hirem Site gewuer.

Donneschdes, den 23. Mäerz, mécht move. eng Visitt vum BENU Village. Dat gëtt eis d’Méiglechkeet, méi iwwert d’Projete vum Georges Kieffer a sengem Team rondereëm Themen wéi Konsum, Circular Economy a Slow Fashion gewuer ze ginn, an natierlech fir alleguerten eis Froen ze stellen. Ganz besonnesch interessant wäert dat fir d’Preparatioun vun eiser Kleederkonsum-Episode fir de Podcast ginn!

Mir treffen eis dofir den 23. Mäerz um 14.15 Auer um Hamilius, fir zesumme mam Bus op Esch ze fueren. Du wëlls mat dobäi sinn? Da mell dech einfach am Formulaire hei uewe riets un oder schreif eis op move@oeko.lu.

 

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci