Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Open Meeting

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Dës Versammlung huet keen Thema, dh mir halen se ganz bewosst thematesch oppen a schafen ee Raum fir Diskussioun iwwert all Thema dat iech wichteg ass.

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci