Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

About

Du wëlls dech engagéieren?

move. ass de Jugendgrupp vum Mouvement écologique. Mir setzen eis fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft an. Eist Zil: datt d’Stëmm vun der jonker Generatioun och gehéiert gëtt! Eis Themeberäicher sinn enk mam Ëmweltschutz verbonnen. Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung, Schoul oder grenzelose Konsum sinn alles Theme mat deene mir eis beschäftegen.

Natierlech kënne mir drop waarden, datt anerer sech drëm këmmeren. Mir kennen awer och selwer aktiv ginn, eis zesummendoen an ufänken eppes ze veränneren. Du fënns quasi alles wat mer bis elo gemaach hunn ënnert dem Beräich THEMEN. Hei ënnendrënner gëss du gewuer, wéis du bei oder mat move. aktiv kanns ginn!

Versammlungen:

Mir treffen eis meeschtens Mëttwochs um 16h00 am Oekozenter Pafendall! All eis aner Aktivitéiten, Projeten an Aktioune fënns du am AGENDA.

Workshops a Projetsdeeg – fir Schoulen a Jugendgruppen:

move. bitt verschidde Workshops zum Thema nohalteg Entwécklung fir Schoulen oder Jugendgruppen un. Bei interessante Projete vu Schüler an eisem Themeberäich kenne mir bei move. och den Tutorat iwwerhuelen. Dest och am Kader vu Schoulprojeten.

Bei weidere Froe schreift einfach e Mail op move@oeko.lu oder rufft un um 43 90 30 – 32.

Lëtzebuerg 2030: E Workshop iwwer matschwätzen a matgestalten! (ab 14 Joer / 2 Stonnen / 10-25 Schüler:innen)

Du wollts schonn ëmmer eng Kéier an denger Klass iwwer Theme ronderëm Nohaltegkeet, Klima- an Ëmwelt schwätzen? Zesumme mat denge Kolleege Proposen fir Verännerungen an ärer Schoul oder an der Gesellschaft ausschaffen? Oder einfach just eng spannend Diskussioun ustoussen?  

move. hält reegelméisseg Workshops an de Lycéeë fir Schüler:innen ab 14 Joer. Fir “Lëtzebuerg 2030: E Workshop iwwer matschwätzen a matgestalten! sinn 2 Schoulstonne virgesinn, an enger Klass vu maximal 25 bis 30 Schüler:innen.

De Workshop bitt sech un fir an d’Thematik vun der Nohaltegkeet a vum Engagement eranzeklammen: “Wéi wëlls du liewen? Wat ass dir wichteg? Fir wat géifs du dech asetzen a wéi kanns du dech engagéieren? Gëff och du wärend dësem Workshop zum Zukunftsdenker. Ob Klimawandel, Landwirtschaft, Schoul, Wunnen, Konsum oder aner wichteg Themen – zesumme spanne mir driwwer, wéi mir eis d’Zukunft virstellen a wat mir haut maache kënne fir déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit unzegoen.”

Dir kënnt eis är Ufro fir de Workshop ganz einfach op move@oeko.lu schécken! 

  

Maach e Stage bei move:

Säit Februar 2016, bitt move. jonke Mënschen d’Méiglechkeet e Stage am Oekozenter ze maachen. Am Stage kréie Schüler oder Studenten d’Méiglechkeet op engem konkrete Projet ze schaffen. Je no Dauer an Interessen, ginn zesummen Ziler festgehal a vill Wäert op déi perséinlech Entwécklung vum Jonke geluet.

Du bass un nohalteger Entwécklung interesséiert? Du hues Loscht op engem konkrete Projet ze schaffen?

Schéck einfach däi Motivatiounsbréif an däi CV op move@oeko.lu

 
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci