Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. Versammlung – Schnitzeljuegd

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • An dëser Versammlung schaffe mir un eiser geplangter Schnitzeljuegd zum Thema Landwirtschaft/Iessen an de Kantinnen.
    • Dofir wär et super wann s du dir ee Rätsel ausdenks, an dat mat an d’Versammlung bréngs fir dass mir méiglechst vill Material hunn fir eng cool Schnitzeljuegd ze erstellen.
    • Iwwerlee dir och gär 1-2 cool Platzen am Pafendall, Clausen, dem Grond oder der Alstad.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci