Move.Gaart um Haff a Sewen – Season opening session
Add to iCal >Du hues Bock ze léieren wéi a wat een am Gaart ka selwer ubauen an dat zesumme mat anere Jonken?
Ma da komm laansch! Zesumme mam Team Haff a Sewen luede mer op e gemittlechen Daach am move.Gaart an. Ab 14h00 ka jidderee kommen.
Wat steet un ?
Muerten seinen (+ evt anert Gemeis)
Kompost sichen goen / verdeelen
Steng sichen goen / Lehmuewen
Mulch verdeelen
Kompost dreinen
Chillen & kachen ev. fir déi wou Loscht hunn
Wéi kommen ech dohinner?
Mam Bus 262 vun der Charly’s Gare an der Stad – De Bus Arrêt heescht “Bei Mëllesch” zu Meispelt.
www.mobilitéit.lu – Méi Info’en & Fotoe vum Haff wou de move.Gaart ass fannt der op der Facebook Säit vum “Haff a Sewen”.
https://www.facebook.com/
Du hues nach Froen? Zéck net a mell dech beim Cédric iwwer move@meco.lu oder ruff him un um Tel: 43 90 30 – 33
Mir freeën eis !
Äert move. & Haff A Sewen Team