Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

“Um Comptoir mam Cédric” – Episode 2 vun eiser Serie vun Online-Dialoger

Add to iCal   >

Och wärend der Kris si mir als Jugendorganisatioun weider aktiv a maachen eis Gedanke wéi mir an Zukunft liewe wëllen.

move., déi Jonk am Mouvement Écologique, mierken, datt Jugendlecher grad zu dësen Zäiten Interessi un engem Austausch hunn, wéi een eis Gesellschaft positiv verännere kann.

An dëser zweeter Episode vun „Um Comptoir“ beschäftegen mir eis mam Thema Bildung hei zu Lëtzebuerg a froen eis ënnert anerem wéi eng besser politesch Bildung kéint ausgesinn.

Um Comptoir mam Cédric: En intergenerationellen Dialog iwwert d‘Bildung.”

Dësen Freiden de 15ten Mee 17:30 live op Instagram mam Laura Dominicy (Aktiv bei move.) an dem Cédric Metz (Responsable Dossier Education), dat ganzt wéi ëmmer am entspaanten Apero-Stil.

Dëst Event riicht sech un jiddereen deen wéi mir der Meenung ass, dass grad elo den Dialog mateneen de wichtegste Bausteen zu enger gudder Zukunft fir eis all duerstellt.

Schalt an, sief dobäi an stell deng Froen: Live op Instagram!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci