Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Regional Landwirtschaft

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Mir gräifen an dëser Versammlung d’Gespréich vun der leschter Versammlung op, wou mir eis den drëtten Deel vum ClimateXChange-Rapport ugekuckt haten deen sech mam Thema Agrikultur beschäftegt.

Unhand vun de Fuerderungen aus dem ClimateXChange-Rapport an den Iwwerleeungen aus der leschter Versammlung schaffe mir Froen aus fir eng vun den nächsten Episode vun eisem Podcast “Um Comtpoir” wou mir de Luc Emering, Präsident Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) zu Gaascht hunn.

Weiderhi maache mir eis dann och Gedanke wéi eng Excursioune mir zu dësem Thema kéinten dëst Joer ubidden.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci