move.Versammlung – nohalteg Architektur
Add to iCal >D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.
Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.
Wat steet um Plang?
- Um Comptoir: Beim intergenerationelle Podcast vu move. “Um Comptoir” hunn mir an all Episod ee spannende Gaascht mat deem mir iwwert ee spezifescht Thema schwätzen. Fir eng vun den nächsten Episode wëlle mir mam Architekt Dave Lefèvre iwwert d’Thema nohalteg Architektur schwätzen. Fir dës Episode bereede mir an der Versammlung eng Froelëscht vir. Free dech also op eng spannend Diskussioun iwwert dëst Thema a bréng deng Froe mat an!
- moveapproved.lu: Nom erfollegräiche Launch vun eisem Online-Guide steet elo als nächst een Update un. Mir hunn scho bëssi méi laang zwou Méiglechkeeten um Dësch wourop mir beim Update kéinten de Fokus leeën. Entweder een regionalen Update zur Stad Esch oder een themateschen Update zur Solawi (solidaresch Landwirtschaft), mir mussen also just nach entscheede wat vu béidem elo fir d’éischt drun kënnt a mat wiem mir dat kéinten a Partnerschaft ausschaffen.
Dës Versammlung ass online via Zoom!!!
Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).
Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.