move.Summercamp 2021
Programm:
Du hues Loscht op e relaxe Weekend mat vill Natur, Workshops, Excursiounen, a ganz niewebäi och nach gemittlech Owender beim Lagerfeier mat interessanten neie Leit? De move. Summercamp ass fir jiddereen deen zesumme mat anere Jonken eppes beweege well. Mir wäerten och iwwer aktuell Themen diskutéieren, zesumme kachen a flott Aktivitéiten dobaussen ënnerhuelen.
Freides – 10.Sept.
- Ab 16h: Ukommen a kenneléieren
- 17h-19h: moveapproved.lu – Worksession
- 19h00: Kachen um Lagerfeier (Pakalou)
- 21h: Filmowend
Samschdes – 11.Sept.
- 8h30 – 9h30: Waakreg ginn a Moiesiessen
- 10h00-13h: Urbanismus & Mobilitéit
- 13h-14h30: Mëttegiessen
- 14h30 – 16h30: moveapproved.lu – Worksession
- 17-18h30: Yoga
- 19h-21h: Owesiessen
- 21h30: Nuetswanderung
Sonndes – 12.Sept.
- 9h00 – 10h00: Waakreg ginn a Moiesiessen
- 10h – 12h: Excursioun an d’Biotop Bongert
Dëse Weekend fënnt am Chalet Les Loutres zu Miersch statt. Mir organiséieren een Transport vun der Mierscher Gare bis bei den Chalet jeweils um 15:40 an 16:10
Mell dech an deng Kollege gratis un iwwer move@oeko.lu
Du hues nach Froen? Zéck net a mell dech beim Étienne iwwer move@meco.lu oder ruff him un um Tel: 43 90 30 – 32 (Congé am August an ab 1. September erëm um Büro)
Date de publication : 19.07.2021