move. & YFC Chrëschtiessen
Add to iCal >D’Feierdeeg sti virun der Dier, d’Chrëschtmusek leeft am Radio schonn erop an erof an iwwerall ginn d’Stroosse schéi geschméckt. Och bei move. a YFC freeë mir eis op dat wichtegst Chrëschtgeschenk: Gemeinsam Zäit mat Frënn a Kolleegen.
Dofir luede mir ganz häerzlech zu eiser Chrëschtfeier den 21.12.21 an!
Dëst natierlech am Oekozenter an engem schéine Kader a mat leckerem selwer gekachten Iessen.
Fir dem Eescht vun der sanitärer Situatioun gerecht ze ginn, fënnt dës Féier net just ënnert dem Regime vum 2G-CovidCheck statt, mee et wäert zousätzlech ee Schnelltest un der Entrée gemaach ginn. Weiderhi biede mir ëm eng Umeldung ënnert dësem Link: https://surveyheart.com/form/619388c880ebf162df10b564#welcome