Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Oekofest am Pafendall (Sonndes, den 20. September)

A manner wéi 2 Wochen ass et nees souwäit. Dann ass d’Oekofest am Pafendall, organiséiert vum Mouvement Ecologique.

Sonndes den 20. September ass am Pafendall eng méi lass. Dee ganzen Dag iwwer gëtt et Live-Musek, kuerz Flash-Talks iwwer interessant an divers Themen, Féierungen duerch de Pafendall zu verschiddenen Sujet’en an natierlech 24 Aussteller, déi interaktiv Aktivitéite fir jiddereen ubidden. Och eis kleng Gäscht kommen net ze kuerz, mat Optrëtter vum John Häppi an anere Kanneraktivitéiten. Fir den Duuscht an de klengen a groussen Honger ass natierlech och gesuergt an dir gitt mat leckerem Bio-Iesse verwinnt.

D’Ouverture vum Oekofest ass Sonndes Moies um 11:00 Auer mat enger Ried vun der Präsidentin Blanche Weber. Duerno ass dee ganzen Dag Programm bis Owes 19:00 Auer. D’Entrée ass wéi all Joers gratis an et kritt een de ganzen Dag vill gebueden.

move. huet natierlech och e Stand. Mir géifen eis also freeën, wann dir bis laanscht kommt, mat eis schwätzt, bei eiser Aktivitéit matmaacht oder iech och einfach eis aner Projet’en ukuckt.

Hei nach e puer Andréck vun de leschte Joren:

Hei fannt dir de Programm mat de jeeweilegen Auerzäiten. Bis um Oekofest!


Date de publication : 07.09.2026

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci