Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Brainstoarm & Get Together

Add to iCal   >

Hues du Loscht, dech fir eng besser Klimapolitik z’engagéieren? Oder hues du Iddien am Kapp, vun deenen’s du awer net genau weess, wéi’s de se ëmsetze solls?

Da komm den Donneschdeg, 24. September um 17:00 Auer an den Oekozenter Pafendall (6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg) laanscht!

Et ass eng super Geleegenheet fir:

  • move. a KliKo kennenzeléieren
  • déi nächst Aktiounen zesummen ze plangen
  • deng eegen Iddien ze präsentéieren

Du muss net alles scho wëssen oder virbereet sinn. Du kanns just kucke kommen a lauschtere wat mir sou maachen. Du bass opjiddefall wëllkomm. Mir freeën eis iwwer jiddereen, deen de Wee bei eis fënnt!

Fir Gedrénks a Snacks ass natierlech gesuergt. Komm laanscht, léier nei Leit kennen, a bréng dech mat an!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci