Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Endspurt

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

De Release vu moveapproved.lu (eisen Online-Guide mat nohaltegen Adressen) réckelt ëmmer méi no an et bléift ëmmer nach dat engt oder anert virzebereeden. Mee och aner Projet’en wéi “Um Comptoir” erfuerderen éis Opmierksamkeet.

  • Leschte Samschdeg war eis Videocrew an der Stad ënnerwee fir eise Promotionvideo ze filmen, dee mir elo just nach fäerdeg schneide mussen an dann iwwerleeë wéi mir en am Beschte verbreede kënnen.
  • Bei enger ganzer Rëtsch vun den Artikele feelen nach d’Zitater, ee klénge Brainstorm a scho kréie mir och dat gefixt.
  • D’Pressekonferenz muss nach ugekënnegt ginn, a mir mussen iwwerleeë wéi mir dat am Beschten duerchzéien.
  • Mir mussen dringend néi Episoden fir “Um Comptoir” ophuelen, wien wëlle mir interviewen a wéi eng Froe kéinte mir stellen?

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci