Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Iwwerreechung vum Jugendpräis 2020

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Dësen Donneschden ass vun 19:00-21:00 d’Iwwerreechung vum Jugendpräis bei dem move. an der Kategorie “No Planet B” nominéiert ass.

Den Projet moveapproved.lu den éischten Online-Guide mat nohaltegen Adressen zu Lëtzebuerg huet gutt Chancë fir de Präis ze gewannen, an zesumme wëlle mir eis d’Iwwerreechung am Livestream ukucken an d’Lunchboxe genéissen, déi mir vum Jugendpräis an den Oekozenter geliwwert kréien.

Komm laascht an dréck mat d’Daumen dass mir gewannen!

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci