Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Jonk Politiker

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • Mir hunn scho viru längerem d’Iddi gehat am Kader vum Podcast “Um Comptoir” eng Sonderepisoden ze maache mat de Lëtzebuerger Jugendparteien. Dës Iddi war (wéi vill vun eisen Iddien) absolut top a mir mussen elo kucke wéi mir dat verwierklechen an op een dat net esouguer méi grouss opzéie kéint als Diskussiounsronn am Ufank vum kommende Joer.
  • Fir den UC musse mir esou lues wierklech eng néi Episode produzéieren an do ass et an dëser Versammlung de Moment fir mol puer Froen zu den dräi Themen ze sammelen déi mir eis erausgesicht haten: Solawi, Stadtgrün a Food Waste.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci