Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. Fest 2024

Add to iCal   >

Den 8. Juni ass nees eng méi lass bei move.! Wéi all Joers organiséiere mir och dest Joer rëm eist move.Fest, mat coole Bands, guddem Iessen a flotten Aktivitéiten.

Lass geet et um 14 Auer, mat enger Exkursioun duerch de Pafendall, zesumme mam Biolog Rosch Schauls. Hien erzielt eis, wéi eng Liewensräim een hei ronderëm den Oekozenter fënnt a wat mir maache kënne fir bedreeten Aarten och weider ze schütze resp. méi “urban” Biodiversitéit ze erméiglechen. Fir eis d’Organisatioun ze erliichteren, wier et super wanns du eis Bescheed soe kéints, wanns du bei der Excursioun dobäi wëlls sinn!

Um 15h30 Auer kanns du däin (nei gewonnent) Wësse ronderëm eis Ëmwelt an de Klima bei engem Pubquiz testen an dech fir déi nächsten Diskussioun um Iessensdësch mat interessante Fakten an Zuele wappnen! Bréng deng Kolleege mat a mellt är Ekipp fir de Quiz un!

Wien wëll kann och scho mëttes ab 12 Auer hëllefen, fir ze preparéieren an opzeriichten. Du hues Zäit a Loscht en Dessert (am Léifste vegan, lokal a bio) ze preparéieren? So eis einfach Bescheed: move@oeko.lu oder op Instagram.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, an d’Entrée ass, wéi ëmmer, gratis 🙂

Programm

  • 14h00: Excursioun am Pafendall mam Biolog Roger Schauls
  • ab 15h: Kleedertauschparty, Fuerderungsleinwand, Chill Eck
  • 15h30: Pubquiz “Superwaljoer”: Test däi Wëssen iwwert déi politesch Parteien, d’Walen a geschichtlech Facts!
  • ab 17h: Live-Musik, Iessen a Gedrénks

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci