Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

move.Fest 2025

Add to iCal   >

Move. Fest: Kraiderwanderung, Karaoke, Livemusik a villes méi! 

Den 10. Juni ass nees eng méi lass bei move.! Wéi all Joers organiséiere mir rëm eist move.Fest am Oekozenter Pafendall (6, rue Vauban), mat coole Bands, guddem Iessen a flotten Aktivitéiten. Komm laanscht, bréng deng Kolleegen mat oder léier cool nei Leit kennen!

 

Offizielle Start ass um 16 Auer, mat engem Kleedertausch, Snacks a genuch Plaz/Zäit, fir zesummen ze chillen. Wanns du interesséiert bass, fir scho bei eiser Kraiderwanderung zesumme mam Manon vun der “Wëll Muert” dobäi ze sinn, da kanns du och schonn um 14 Auer laanscht kommen. Mat de Kraider, déi mir do plécken, maache mir duerno eng Zalot fir bei den (veganen) Chili vum Lou. 

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, an d’Entrée ass wéi ëmmer gratis. Du hues Zäit a Loscht en Dessert (am Léifste vegan, lokal a bio) ze preparéieren? So eis einfach Bescheed: move@oeko.lu oder op Instagram. 

Programm 

  • 16 Auer: Kleedertausch (bréngt gär är Kleeder mat) an Chill Eck 
  • 17 Auer: Pub Quiz zum Thema „move.your.tomorrow”, mat interessante Fakten an Zuelen! Bréng deng Kolleege mat a mellt är Ekipp vu mindestens 3 Leit fir de Quiz un! 
  • Ab 18 Auer:Gutt (vegan) Iessen 
  • Ab 18.30 Auer: Live-Musik (ënner anerem mat der Band ‘Atomic Pearls’ a mam Emily Grogan) 
  • Ab 20.30: Karaoke

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci