Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. Summercamp 2021

Add to iCal   >

Programm:

Du hues Loscht op e relaxe Weekend mat vill Natur, Workshops, Excursiounen, a ganz niewebäi och nach gemittlech Owender beim Lagerfeier mat interessanten neie Leit? De move. Summercamp ass fir jiddereen deen zesumme mat anere Jonken eppes beweege well. Mir wäerten och iwwer aktuell Themen diskutéieren, zesumme kachen a flott Aktivitéiten dobaussen ënnerhuelen.

Freides – 10.Sept.

  • Ab 16h: Ukommen a kenneléieren
  • 17h-19h: moveapproved.lu – Worksession
  • 19h00: Kachen um Lagerfeier (Pakalou)
  • 21h: Filmowend

Samschdes – 11.Sept.

  • 8h30 – 9h30: Waakreg ginn a Moiesiessen
  • 10h00-13h: Urbanismus & Mobilitéit
  • 13h-14h30: Mëttegiessen
  • 14h30 – 16h30: moveapproved.lu – Worksession
  • 17-18h30: Yoga
  • 19h-21h: Owesiessen
  • 21h30: Nuetswanderung

Sonndes – 12.Sept.

  • 9h00 – 10h00: Waakreg ginn a Moiesiessen
  • 10h – 12h: Excursioun an d’Biotop Bongert

Dëse Weekend fënnt am Chalet Les Loutres zu Miersch statt. Mir organiséieren een Transport vun der Mierscher Gare bis bei den Chalet jeweils um 15:40 an 16:10

Mell dech an deng Kollege gratis un iwwer move@oeko.lu

Du hues nach Froen? Zéck net a mell dech beim Étienne iwwer move@meco.lu oder ruff him un um Tel: 43 90 30 – 32 (Congé am August an ab 1. September erëm um Büro)

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci