Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. Summercamp 2023

Add to iCal   >

Dëst Joer ass et erëm sou wäit: eise Summercamp fënnt endlech erëm statt. An dat vum 7. bis den 8. September zu Lëltz direkt beim Stauséi. Jiddereen:t, egal op laangjärege move-ler oder fir d’éischte Kéier mat dobäi, ass wëllkomm fir mat eis eng cool Zäit ze verbréngen, zesummen ze kachen, eng Schnitzeljagd ze maachen, d’Natur ronderëm ze entdecken, um Stauséi ze chillen an d’Owender relax bei engem Lagerfeier auskléngen ze loossen. Eng perfekt Méiglechkeet fir nach e puer cool Deeg ze verbréngen, ier datt d’Schoul oder d’Uni erëm lass geet.

Interesséiert? Da mell dech einfach bis den 30. August bei eis un iwwer dese Formulaire hei.

Sief dobäi, bréng deng Kolleege mat a léier ausserdeem cool nei Leit kennen, déi sech fir déi selwecht Saachen intresséiere wéis du. Natierlech ass et och méiglech, just 1 Dag laanscht ze kommen. Mir freeën eis!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci