Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. Summerfest – move.Your.Consumption

Add to iCal   >

Am Juli fënnt endlech nees eist move. Summerfest statt. Dest Joer steet eist Event ganz ënnert dem Motto “move.Your.Consumption”. Komm laanscht, diskutéier mat a léier cool nei Leit kennen!

PROGRAMM:

11h: Zesumme kachen am Oekosoph am Oekozenter

So Bescheed wanns du matkache wëlls: move@oeko.lu

16h: Diskussiounsronn

Zesumme schwätzen mir iwwert eisen Konsum a wat fir Folgen dee fir Mënsch, Klima an Ëmwelt huet. Sief et Liewensmëttel, Kleeder oder Technologie, et gi méi nohalteg Alternativen. E relaxen Austausch tëschent Jugendlechen an Expert*innen an Aktivist“innen. Sief dobäi a bréng dech aktiv an oder lauschter einfach no.

17h: Kleedertausch & DIY

Bréng déng Kleeder mat déis du net méi wëlls an tausch se géint cool aner Kleeder. Donieft kanns du och an eisem DIY Atelier eppes flottes créeieren.

18h: Concert – Hannah H (Singer / Songwriter)

19h: Buffet

Du hues Zäit a Loscht eppes Leckers Vegetaresches/Veganes (lokal & bio wa méiglech) fir z’iessen ze preparéieren? Mir maachen ab 19h e Buffet un deem sech jiddereen zerwéiere kann. So gären am Viraus Bescheed, wanns du eppes fir de Buffet matbrénge wells (move@oeko.lu)

20h30: Concert – The Tyllms (Alternative pop / Rock)

21h15: Concert – Anne Funk (Pop, Soul, R&B)

22h: Mathias Treinen (DJ Set)

Oekozenter Pafendall
6, rue Vauban
L-2663 Luxembourg

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci