Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

move.Versammlung – Alles op de Vëlo

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • Zesumme mam Cédric Metz deen d’Campagne “Alles op de Vëlo 2020” koordinéiert huet, kucke mir eis an dëser Versammlung un wéi eng Ergebnisser, Konklusiounen a Fuerderungen aus dëser Campagne entstane sinn a wéi de Mouvement Écologique weider op dësem Thema schafft.
  • Am Uschloss bereede mir een éischten Draft mat Froe vir déi mir an der Episode 08 vun eisem Podcast “Um Comptoir” zum Thema Vëlofueren zu Lëtzebuerg gäre stelle wëllen. Mir wäerten héi d’Laure Simon-Becker laangjärege Member vum Mobilitéitsgrupp am Mouvement Écologique an de Yves Klein vu ProVëlo als Gaascht hunn an dëser Episode.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci