Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – ClimateXChange: Analyse vum Rapport (3/3)

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Déi éischt Hallschent vum Joer 2019 stoung voll an Ganz am Thema vun der Klimakris. Iwwer 10.000 Jonker waren op der Strooss an d’Politik misst reagéieren. De Premierminister Xavier Bettel huet de 25.03.19 perséinlech mat enger Delegatioun vu Youth for Climate geschwaat an zesumme mat den dräi Ministèrë Landwirtschaft, Educatioun an Ëmwelt huet d’CNEL ënnert dem Numm ClimateXChange 4 regional Echangë mat 500 Schüler organiséiert. De Rapport vun dësen Echangë gouf den 19.06.19 der Regierung iwwerreecht.

An dëser Versammlung beschäftege mir eis mam drëtten Deel vum ClimateXChange-Rapport.

Dësen drëtten Deel mam Titel “Virschléi zum Thema Agrikultur” ënnerdeelt sech an d’Abschnitter Nohalteg Consommatioun an Nohalteg Produktioun, een Themenberäich op dem mir schon oft geschafft hunn.

Falls du dech schonn am Viraus bëssi aliese wëlls fënns du de Rapport hei: Link

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci