Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • ClimateXChange: Zesumme mat der CNEL a YFC schaffe mir aktuell intern um Thema ClimateXChange wou mir de Rapport deen 2019 verëffentlecht gouf genau analyséieren an un enger Serie vun Eventer schaffen, déi et Jonken erméigleche sollen, sech mam Rapport ze beschäftegen, hir Meenung anzebréngen an och dem Thema eng méi grouss medial Opmierksamkeet ze verschafen. Als eng Virbereedungsaarbecht an dësem Kontext gëllt et aktuell ee Questionnaire auszeschaffen, dee mir un d’Lycéeën am Land schécke kennen.
  • moveapproved.lu: Mir hunn et gepackt! Eisen Onlineguide mat nohaltegen Adressen ass endlech online a mir däerfen eis roueg ee bësse féieren!

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci