Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Et geet erëm lass!

Add to iCal   >

Du hues Loscht dech ze engagéieren an nei Leit kennenzeléieren?

Da komm einfach laanscht an den Oekozenter Pafendall (6, rue Vauban) an tausch dech mat anere Jonken zu deene Sujeten aus, déi dir um Häerz leien, déi dir Suerge maachen oder wous du dech wëlls abréngen.Wat kann ee maachen géint d’Klimakris? Wat léist si bei eis aus? Wéi kann d’Plastikflut agedämmt ginn? A villes méi.

D’move Versammlung ass ee reegelméissegt Treffen, bei deem mir eis zesummen iwwerleeën, wéi mir eis engagéiere kënnen a wéi eng Aktiounen mir Loscht hätten, zesummen ze organiséieren. Et ass och méiglech, dech iwwer Videokonferenz bäizeschalten wanns du net am Land bass.

Wat steet um Plang?

No eiser Summerpaus starte mir elo zesummen an déi nei Saison. Elleng d’Hëtzt an d’Dréchent an de leschte Wochen hu gewisen, wéi dringend et ass, dass sech eppes ännert – fir méi Klima- an Naturschutz, fir méi nohalteg Bildung an eise Schoulen a méi Bewosstsinn fir d’Konsequenzen vun eisem Konsumverhalen. An dofir wëlle mir zesummen e klenge Brainstorming maachen: wéi eng Themen leien eis zesummen besonnesch um Häerz? Wat wëlle mir fir déi nächst Wochen plangen?

Duerno kucke mir nach zesummen op eis Agenda an op eng ganz Rei flott Aktivitéiten ronderëm de Sujet “nohaltege Konsum”, déi fir den Hierscht ustinn:

  • Upcycling Workshop
  • Oekofest
  • Besuch vun engem solidareschen Geméisbaubetrib
  • Sustainable Picnic

a villes méi…

Du hues nach Froen?

Da mell dech einfach beim Catherine oder beim Tanja iwwer move@oeko.lu oder schreif eis op Facebook/Instagram

Mir freeën eis!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci