Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

move.Versammlung – Eng Diskussiounsronn organiséieren

Add to iCal   >
D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Zesummen hunn mir an de leschte Versammlungen d’Iddi vun enger Diskussiounsronn mat de lëtzebuergesche Jugendparteien ausgeschafft. No zwee gudde Brainstorms hunn mir elo eng inhaltlech gutt Basis, déi mir elo an ee sënnvollen Timing brénge fir ze kucke wéi den Oflaf vum Event genee ausgesi soll. Och déi éischt méi organisatoresch Detailer wëlle mir ufänken ze iwwerleeën, zB wou d’Event stattfanne soll a wéi mir op d’Event opmierksam maache wéilten.

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci