Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Fir Fridden an der Ukraine

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Och als Ëmweltorganisatioun kënne mir net ignoréieren, dass säit puer Deeg nees Krich an Europa ass. Fir d’éischt säit dem Jugoslawienkrich an dem Kosovokrich an den 90er Jore gëtt et nees ee gréissere bewaffnete Konflikt mat villen Doudegen an honnertdausende Flüchtlingen an Europa.

move. trëtt entschlosse fir de Fridden an, an dofir wëlle mir och déi grouss Friddensdemonstratioun kommende Samschden ënnerstëtzen an ee Signal senden, dass mir eis solidaresch weisen net just mat den Ukrainer, mee och mat de ville Russen, déi géint dëse Krich sinn a fir hier Meenungsäusserung an de Prisong gestach ginn.

An der Versammlung iwwerleeë mir wéi mir eis am Beschte kënnen abrénge sief et dëse Samschden, mee och doriwwer eraus.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci