Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

move.Versammlung – Guide Michelin? Nee move.approved!

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  1. move.approved 2.0 – Online Guide
    1. Mir hunn endlech déi final Versioun vun eise Krittären an notzen dës fir elo endgülteg déi éischt Charge vu Plaze festzeleeën déi op eis Kaart kommen.
  2. Entrevue mam François Benoy
    1. Mir iwwerleeën eis wéi mir am Beschten an d’Entrevue mam François Benoy ginn engem Politiker deen eis am Kader vum Budgetsrapport schwätze wëll, wéi eng Aspekter mir uschwätze wëllen a wat eis besonnesch wichteg ass.

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack).

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci