Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Kontakt mat den Lycéeën

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Och wann Corona aktuell nach staark eisen Alldag an och d’Schoulen am Grëff huet, wäert sech och dat iergendwann änneren a move. kann erëm Workshoppen an de Schoulen halen. Dofir ass et eist Zil eng nei Palette un Workshoppen auszeschaffen déi mir kënnen ubidden.

An dëser Versammlung wëlle mir déi eicht grob Linne vir néi Workshoppen ausschaffen.

  • Wéi kënne mir d’Thema Iessen an de Kantinne fir ee Workshop opbereeden?
  • Wéi kënne mir d’Thema Biodiversitéit fir ee Workshop opbereeden?
  • Wéi eng Theme kéinte mir soss an d’Schoulen droen?

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

 

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci