Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

move.Versammlung – Mobilitéit

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Mir hunn eis elo schonn an 2-3 Versammlunge mam Thema Mobilitéit ausernee gesat an och schonn driwwer geschwat wat an der Mobilitéit zu Lëtzebuerg gutt funktionéiert a wat éischter net esou gutt funktionéiert.

An dëser Versammlung wëlle mir eis da speziell mam Vëlo beschäftegen: Wéi vill Léit fueren zu Lëtzebuerg Vëlo, wat sinn d’Problemer mat deenen si am Alldag konfrontéiert ginn a wat kéint Vëlofueren zu enger neier Selbstverständlechkeet maachen? Dëst a villes méi dës Woch an der Versammlung!

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci