move.Versammlung Mobilitéit
Add to iCal >D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.
Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.
Wat steet um Plang?
- Thema Mobilitéit: Et war de Wonsch vum Grupp, dat mir um Thema Mobilitéit schaffen. Mat Hëllef vun dem klénge Brainstorming dee mir an enger vun de viregte Versammlunge scho gemaach haten, kucke mir lo méi genee wéi mir dëst Thema kéinten ugoen. Dëst och mat der Iddi am Hannerkapp, dat mir vlt eng Ausstellung zum Thema maache wéilten oder zumindest ee kënschtleresch Approche wielen.
- ClimateXChange: Zesumme mat der CNEL a YFC schaffe mir aktuell intern um Thema ClimateXChange wou mir de Rapport deen 2019 verëffentlecht gouf genau analyséieren an un enger Serie vun Eventer schaffen, déi et Jonken erméigleche sollen, sech mam Rapport ze beschäftegen, hir Meenung anzebréngen an och dem Thema eng méi grouss medial Opmierksamkeet ze verschafen. Als eng Virbereedungsaarbecht an dësem Kontext gëllt et aktuell ee Questionnaire auszeschaffen, dee mir un d’Lycéeën am Land schécke kennen.
Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!
Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.
D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.
Map Unavailable