Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Restopolis

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Wéi mir an enge vun de leschte Versammlunge schonn ugeschwat hunn, gëtt et Zäit dass move. nees Positioun bezitt zur Causa Restopolis. Nodeems Restopolis hier Campagne “Food4Future” gestart hunn, huet sech fir eis villes geännert, wëll Restopolis elo villes vun dem ëmsetze wëll wat mir laang Jore gefuerdert hunn.

Mee geet dat duer? Wat feelt? An wou ass den Hocke bei der Geschicht?

Dës an aner Froe stelle mir eis den Donneschden an der Versammlung a probéieren eng kloer Linn ze fanne fir eis weider Aarbecht op dem Thema Kantinnen.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci