Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Spread the word!

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

An dëser Versammlung hunn mir zwee Themen:

Éischtens wëllen d’Froe virbereeden déi mir an der Episode 08 vun eisem Podcast “Um Comptoir” zum Thema Vëlofueren zu Lëtzebuerg gäre stelle wëllen. Mir wäerten héi d’Laure Simon-Becker laangjärege Member vum Mobilitéitsgrupp am Mouvement Écologique an de Yves Klein vu ProVëlo als Gaascht hunn an dëser Episode.

Zweetens wëlle mir weider un moveapproved.lu schaffen, an och vlt 1-2 néi Artikelen virbereeden déi mir deemnächst op de Site sëtze kënnen. Mir plangen dann och een éischt Meeting fir de geplangten Esch-Update, wou mir Schoulen an Jugendhaiser kontaktéiere fir un dësem Meeting deel ze huelen.

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci