Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Welcome back!

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Dës Woch ass déi éischt move.Versammlung vum Joer 2021 an ech hoffen dir hat alleguer schéi Feierdeeg a sidd voller Mutt a mat vill Elan an d’Joer gestart.

An dëser Versammlung ass dann och vill Zäit a Raum fir iech iwwert alles auszetauschen, wat säit eiser leschter Versammlung esou geschitt ass.

Mee och zwou kléng thematesch Aufgabe fir de Launch vu moveapproved.lu dierfen natierlech net feelen:

  • Vue dass op Grond vu schlechtem Wieder de Videodréi fir de Projet ze promoten op Samschdeg verréckelt ginn ass, ass an dëser Versammlung nach Zäit fir ee bëssi méi detailléierte Plang ze maache wéi een de Video am beschte kéint opbauen. Déi zentral Fro ass, wéi een am beschten op enger Längt vu maximal 45 Sekonnen eng Story erzielt an de Projet beschtméiglech virstellt.
  • Eng zweet kléng kreativ Aufgab wär et déi aktuell nach feelend Zitater an den Artikelen um Site ze formuléiere fir dem Site nach méi Perséinlechkeet ze ginn.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci