move.Visiounen vun enger liewenswäerter Gemeng
Add to iCal >
move.Visiounen vun enger zukunftsfäeger Gemeng
Folgend Gedanke sinn de 7. Mäerz während enger vu move. organiséierter Diskussiounsronn zum Thema Gemengewalen am “Gudde Wëllen” an der Stad Lëtzebuerg entstanen. Zesumme mam Buergermeeschter vun Diddeleng an der Presidentin vum Mouvement Ecologique, hu méi wéi 20 Jugendlecher iwwer hir Virstellunge vun enger zukunftsfäeger Gemeng diskutéiert.

- Gutt wier en Uspriechpartner fir engagéiert BiergerInnen dee bereet ass Projeten ze diskutéieren an d’Ëmsetzung ze begleeden.
- Méi Fräiraum fir politesch Diskussiounen! z.B. regelméisseg Treffe wou iwwert d’Zukunft vun der Gemeng diskutéiert ka ginn.
- Gemeinschaft ass eis wichteg! Och ëffentlech Plaze fir sech ze treffen an ze entspanen. D’BiergInne sollen och d’Méiglechkeet kréien des mat Liewen ze fëllen. z.B. Ping-Pong Dësch
- E gudden ëffentlechen Transport a gutt Vëlo’s Weeër. Och manner Auto’en a méi autofräi Stroossen.
- Gutt opbereeten Informatiounen iwwert d’Gemeng, mat Internetsäit an Informatiounen déi jugendgerecht, och iwwer sozial Netzwierker verdeelt ginn.
- Méi Gréngfläche fanne mir wichteg!
Du fënns eis Iddien derwäert fir driwwer ze diskutéieren an hues Loscht dech mat anzebréngen? Da komm laanscht op déi grouss move.Gemengewalen Versammlung!
Hei kanns de den Flyer Gemengewalen 2017 Wonsch online downloaden!