Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.@Wir haben es satt!

Add to iCal   >

“Gutes Essen für alle statt Profite für wenige” – Dat ass de Motto vun der Wir-haben-es-satt-Demo am Januar 2023 zu Berlin. Säit 2018 war move. bal all Joer mat dobäi, fir fir eng sozial gerecht Agrar- an Ernährungstransitioun ze demonstréieren.

Du wëlls dest Joer och mat dobäi sinn? Mat enger cooler Ekipp op Berlin fueren, fir dech mat eis zesummen dofir anzesetzen, dass jiddereen sech gesond an nohalteg produzéiert Iesswuere leeschte kann a Bauere fair Präisser fir hir Produite kréien?

Da schreif dech iwwert de Formulaire hei an oder maach eis e Mail un move@oeko.lu!

Programm:

  • Depart ass Freides, 20 Januar um 10 Auer. Mir fueren zesumme mat engem Bus op Köln an huele vun do aus den Zuch fir op Berlin.
  • Samsdes ab 12 Auer ass dann déi grouss Demo virum Brandenburger Tor, wou mir mat villen anere Menschen friddlech demonstréieren. Och no der Demo sinn nach e puer Aktivitéiten zum Thema nohalteg Landwirtschaft an Ernährung geplangt.
  • Sonndes, den 22. Januar fuere mir am spéide Nomëtteg zu Berlin fort a komme viraussiichtlech géint 18 Auer nees zu Lëtzebuerg un.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci