Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

moveVersammlung – Food Waste

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • An der leschter Versammlung hunn mir endlech mol erëm un eisem Podcast “Um Comptoir” geschafft, dëst andeems mir déi éischt Froen zum Thema “Food Waste” gesammelt hunn. Aus dësem éischte Brainstorm musse mir elo awer nach bëssi méi maache fir dass mir och wierklech Froe kréien déi mir dono notze kënnen.
  • Passend zum Thema schwätze mir och nach eng Kéier iwwert Restopolis an d’Kantinnen zu Lëtzebuerg

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci