Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Natur-Excursioun mat engem Imker

Add to iCal   >

Beien, Pestiziden a Biodiversitéit:

Pestiziden sinn eng grouss Gefor fir d’Biodiversitéit an domat och fir de Mënsch, mee wat gëtt do iwwerhaapt op eis Felder gesprëtzt a firwat ass et esou wichteg, dass d’Insekten net verschwannen? Op dëser Excursioun erkläert eis de Roger Dammé, Member vum Mouvement Écologique an Imker engersäits wéi seng Aarbecht als Imker ausgesäit an anerersäits wéi eng grouss Bedrohung di industriell Landwirtschaft fir d’Insekten an domat och fir eis Liewensmëttelversuergung duerstellen. Zesumme gi mir méi driwwer gewuer wéi mir gläichzäiteg d’Baueren an d’Biodiversitéit ënnerstëtzen andeems mir eis fir eng nohalteg Landwirtschaft asëtzen.

Wann d’Wieder matspillt kënne mer op der Plaz frëschen Hunneg schmaachen, frësch aus de Waben!

Dës Aktivitéit ass op maximal 10 Persoune beschränkt, dofir biede mir em eng Umeldung via Mail: move@oeko.lu

Treffpunkt ass um 14:00 zu Grass bei der Bushaltestell “Um Camping” et gëtt fir déijéineg déi mam ëffentleche Verkéier kommen och d’Méiglechkeet zu Kleinbettingen op der Gare ofgeholl ze ginn!

Wichteg Informatioun: Wgl. Wgl. eppes Wiederfestes undoen a stabil Schong.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci