Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

on.perfekt(en) Kachowend

Add to iCal   >

Wosst du schonn, datt een Drëttel vun alle Liewensmëttel weltwäit ewechgehäit gëtt?

Eisen on.perfekt(en) Kachowend de 16. November ass déi perfekt Geleeënheet fir zesummen an engem coole Grupp ze kachen, eppes Guddes op den Teller ze zauberen an dobäi och nach Liewensmëttel ze retten. Mir kachen ee Menü aus Geméis an Uebst, dat kleng Schéinheetsfeeler huet an awer genau esou gutt schmaacht. D’Laura vun on.perfekt bréngt eis e passend Rezept mat a wäert eis d’Konzept vun hirem Buttek virstellen. Mir tauschen eis iwwert Liewensmëttelverschwendung aus an diskutéieren zesumme wat een am Alldag maache ka fir déi ze reduzéieren.

Treffpunkt ass um 17 Auer am Oekozenter. Du an deng Kolleege kënnt iech bis den 13. November hei iwwert de Formulaire umellen, oder mat engem Mail un move@oeko.lu.

Méi Infoe iwwert den on.perfekt Projet an hire Buttek zu Maarnech fënns du hei: Buttek | Onperfekt

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci