Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Visionäre: Liewensstil, Wirtschaft & Natur zesumme bréngen… Wéi kréie mir dat hin?

Add to iCal   >

Wat erwaart dech?

Klimakriis, Aartestierwen, sozial Ongläichheeten…Mir sti viru groussen Erausfuerderungen. Di gutt Noriicht ass awer, datt mir kënne matschwätzen an entscheeden a wéi eng Richtung sech Saachen entwéckelen. Mir wäerten op dësem Forum de Froen nogoe wéi eng Wirtschaft kann ausgesinn, déi net ronderëm de Wuesstem dréint ma ëm d’Wuelbefanne vum Mënsch a wat néideg ass, datt mir eis Liewensgrondlagen net onëmgänglech zerstéieren.

Mat interessante Gäscht diskutéiere mir wéi mir eise Liewensstil, d’Wirtschaft an Natur zesummen denke kënnen. Op der sich no Léisungsusätz fir komplex Themen, riicht dëse Forum sech och vun der Form u Jonker: Dat heescht et gëtt op Aanhéischt diskutéiert, jiddereen ass wëllkomm, ka matschwätzen oder awer och just nolauschteren. Virun allem geet et jo em d’Fro wéi all d’Mënsche gutt op dëser Welt kënne liewen.

Den Haaptinvité ass de Fabian Scheidler. Hien huet Geschicht, Philosophie an Theaterregie studéiert an huet 2021 d’Buch „Der Stoff, aus dem wir sind. Warum wir Natur und Gesellschaft neu denken müssen.“ rausbruecht, un dem hien sech wärend eisem Visionäre orientéiere wäert. Hien leed virun allem duer, wéi et derzou komme konnt, datt de Mënsch mengt, d’Beem kéinten an den Himmel wuessen, a mir eis vun eise Liewensgrondlagen esou entkoppelt hunn?  Hien wäert an d’Thematik aféieren, aus wëssenschaftlecher Siicht erkläre wéi d’Entwécklung an de leschte Joerhonnerte war …. an awer natierlech net bei der Analyse stoe bleiwen. Mir wäerte virun allem och driwwer schwätzen, wéi eng positiv Zukunft kéint ausgesinn a wéi e Wandel derfir néideg ass.

Umeldung bis den 30. November 2022

Mell dech an deng Kolleegen iwwer move@oeko.lu oder iwwert de Formulaire hei riets un, a so denger Direktioun oder denge Proffe Bescheed dass du deelhuele wëlls. Mir kënnen dir e Certificat de participation ausstellen, wanns du eng fir d’Schoul brauchs. Wanns du zu den éischte 25 Persounen gehéiers, déi sech umellen, bass du dobäi! Mir freeën eis op dech 🙂

 

 

 

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci