Weltuntergang fällt aus? De Jan Hegenberg op Besuch
Add to iCal >
Den 9. Oktober organiséiere move. an de Mouvement Ecologique an Zesummenaarbecht mat de Rotonden en Event mam däitsche Blogger an Auteur Jan Hegenberg. Sief dobäi wann de Jan Hegenberg aus sengem 2022 verëffentlechte Spiegel-Bestseller virliest an diskutéier mat him iwwer Fakten a Feelinformatiounen, Chancen an Erausfuerderunge vun der Klimakris.
- Wéini? Donneschdes, den 9. November ab 18.30 Auer
- Wou? An de Rotonden zu Bouneweg (Salle Plateforme)
- Gratis Entrée
- Fir Gedrénks a (vegan) Snacks no der Veranstaltung ass gesuergt. D’Liesung ass op Däitsch a gëtt bei Bedarf simultan op Englesch iwwersat.
Wosst du schonn, datt mir d’Klimakris léise kënnen a wäerten? Dovun ass den Auteur a Blogger Jan Hegenberg aka “der Graslutscher” jiddefalls iwwerzeegt. A sengem Buch “Weltuntergang fällt aus” erkläert den Hegenberg, wéi mir eng “wissenschaftlich fundierte, vegane Klimaschutz-Verkehrswende” erreeche kënnen.
Du wollts dach sécherlech schonn ëmmer eemol wëssen, wéi du dech fir déi nächst Diskussioun mat Klimaskeptiker:innen wappne kanns a Klimaschutz endlech zu Mainstream ka ginn. Méi Infoen zum Auteur an zu sengem Buch fënns du hei.