International Day for Biodiversity 2026
Den Internationalen Dag vun der Biodiversitéit den 22. Mee stoung dëst Joer ënnert dem Motto: „Acting locally for global impact“ . move. huet dofir ee klenge Beitrag zur Biodiversitéit zu Lëtzebuerg gemaach. Ënnert dem Motto: „Species you didn’t know that can be found in Luxembourg” hu mir dräi Aarte präsentéiert, bei deenen een sech vläit net onbedéngt bewosst ass, datt et se wierklech hei zu Lëtzebuerg gëtt.
Natur schützen däerf net nëmmen um globalen Niveau geschéien, mee fänkt eben och lokal un – an eise Bëscher, Flëss, Felder oder och an eise Stied.

Ënnert deem Motto hu mir ënner anerem d’Wëllkaz (Felis sylvestris) präsentéiert. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et eng geschate Populatioun vun nëmmen 250 bis 300 Individuen. Sie liewen an eise Bëscher a riskéieren duerch Stroossen, déi d’Bëscher vuneneen trennen, hiert Liewen. Dowéinst si Wëllkorridoren immens wichteg fir ënner anerem d’Wëllkaz ze schützen. Wosst du, dass et sech bei der Wëllkaz net ëm eng verwëldert Hauskaz, mee ëm eng eegestänneg Aart handelt?

Een anert Déier wat een zu Lëtzebuerg fënnt, ass de Bloschillernde Feierfalter (Lycaena hella). Den Numm ass hei definitiv Programm. Dëst ass eng ganz rar Aart, déi nëmme lokal a Fiichtwisen ze fannen ass, wou et och hir Wirtsplanz de “Schlangenknöeterich” gëtt. Dowéinst mussen dës Habitater onbedéngt geschützt ginn, fir dës Aart kënnen z‘ënnerstëtzen. Hire wonnerschéine fonkelen bloe Schimmer kënnt iwwregens net duerch Faarfpigmenter mee ass d‘Resultat dovun, datt d‘Sonneliicht op eng speziell Manéier gebrach gëtt.
Zum Schluss fënnt een och nach en anert Insekt, dat e richtege Meeschter an der Tarnung ass an am héije Gras nëmme schwéier ze entdecken ass. D’Quisel (Mantis religiosa) ass lokal a klenge Gruppe virun allem an Drëchewisen oder Broochen am Minett ze fannen. Dowéinst ass d’Schütze vun Drëchewisen an d‘Schafe vun Habitat-Korridoren och hei immens wichteg, fir d’Quisel ze schützen. Iwwregens huet dëst Insekt och eng ganz speziell Aart a Weis fir sech weider ze planzen. Nom „Akt“ frësst d’Weibchen nämlech heiansdo de Mann fir genuch Energie ze hunn, fir d’Eeër ze leeën. Dëst nennt een och „sexual cannibalism“.

Déi verschidden Aarten hei zu Lëtzebuerg weisen, datt Biodiversitéit net nëmmen e globalt Thema ass, mee direkt virun eiser Hausdier ufänkt. Fir dës wäertvoll Liewewiesen ze erhalen, ass lokale Naturschutz entscheedend.
Dowéinst: Act locally for global impact!
Date de publication : 26.05.2026