move. mol – Gestalt du deng Stad nei!
Wann de Summer 2026 eis eppes geléiert huet, dann dass ee bei enger Hëtztwell iwwer 30 Grad iwwerall no Gréngs a Schied sicht fir eng lokal Ofkillung ze spieren. Leider ass d’Stad Lëtzebuerg mam Knuedler, der Paräisser Plaz oder dem Hamilius voll mat Hëtzt-Inselen, wou kee Schied ze fannen ass, an de Bëtong d’Temperatur am Summer an d’Luucht dreift. Dat muss an däerf net esou bleiwen! Dofir hu mir eisen neie Projet move. mol entwéckelt!
Mee wat ass move.mol iwwerhaapt?
Mat eisem neie Projet move. mol kanns du d’Stad nei gestalten.
Op de verschiddene Plaze stelle mir eis mat enger Billerrumm hin: Duerch dat transparent Plexiglas gesäit ee wéi et momentan ausgesäit an et kann een da mat Faarwen d’Visioun fir d’Zukunft direkt driwwer molen. Jidderee kann sech kreativ abréngen a seng eegen Iddien ëmsetzen. Mir weise wéi eng modern, gréng a cool Stad iwwerhaapt ausgesi kann.
Wéi gesäit deng ideal, gréng a chill Plaz an der Stad oder bei dir an der Gemeng aus? Wou feelt de Schied, wou d’Beem, a wou eng anstänneg Plaz fir einfach mol ze chillen?



Wann dech dee Projet intresséiert, da mell dech bei eis (move@oeko.lu), mir si sécherlech nach déi eng oder aner Kéier an der Stad ënnerwee an du kanns do einfach laanscht kommen a matmaache.
Kenns du Plaze bei dir an der Gemeng, déi ee Make-Over brauchen, da so eis Bescheed a mir komme bei dech!
Hei kanns de gesinn, wéi dat Ganzt konkret ausgesäit:
Date de publication : 24.08.2026