Vill Jonker, vill Weeër, een Zil: move. op der “Local Conference of Youth (LCOY)” 2026 zu München
Vum 16. bis den 18. Oktober war move. mat sechs Jonker op der „Local Conference of Youth (LCOY)“ zu München. D’LCOY gëtt vun der BUNDjugend Däitschland (de BUND ass d’Schwësterorganisatioun vum Mouvement Ecologique) organiséiert an ass déi gréisste Jugendklimakonferenz an Europa. Ronn 1.000 Jonker tëschent 14 an 30 Joer huelen deel an dat Ganzt gëtt komplett vu fräiwëllege Jonken op d’Bee gestallt.

Freides um 14:00 Auer ass et lass gaangen. Iwwer de ganze Weekend hunn ëm déi 250 Speakere Workshops, Panel-Talks a Virträg mat Diskussiounsronnen ugebueden. Och däitsch Politiker:Innen ware mat dobäi. Vu Moies 8:00 Auer bis Owes 23:00 war all Stonn gefëllt mat Veranstaltungen, sou dass et deelweis schwéier war sech z’entscheede. D’Formater hu jee no Kontext tëschent 45 an 180 Minutte gedauert. D’Theme ware genee sou vilfälteg: vu wëssenschaftleche Virträg iwwer politesch Debatten a gesellschaftskriteschen Theme bis zu kulturellen Atelieren. Ee Beispill war de Workshop vum Chris Schaumann, deen iwwer 30 Joer Erfarung als Klimaaktivist matbruecht huet. Mat konkrete Beispiller huet hien erkläert, wéi een duerch Kommunikatioun a Campagnë Leit erreeche kann an een domat méi bewierke kann, wéi ee vun sech selwer mengt. Beim Carsten Schütt ass et ëm d’Fro gaangen: Wien bezilt fir d’Energiewende? Um Beispill vum Waasserstoffprojet Hyphen a Namibia, der fréierer däitscher Kolonie, gouf gewisen, wéi kolonial Musteren d’Energieversuergung vum Globalen Norde bis haut prägen, a wéi enk dat mat Klimagerechtegkeet zesummenhänkt.

Och den Amusement koum de Weekend net ze kuerz: Owes gouf et Comedie-Optrëtter, Poetry-Slam, Musek vu Bands, Karaoke an nach villes méi. D’Verpfleegung war dee ganze Weekend vegan, mat grousser Auswiel, a gekuckt gouf och, datt keng Iwwerreschter ewech gehäit ginn.
Een Thema huet sech awer duerch dee ganze Weekend gezunn: Engagement.
Jonker aus de verschiddensten Organisatiounen, mat ënnerschiddleche Weeër a Methoden, mee mam selwechten Zil. Jidderee huet geléiert, wéi e säi klenge Bäitrag fir d’Gesellschaft leeschte kann. Si hunn sech ënnerstëtzt, vernetzt, zesummen diskutéiert a gelaacht. Wat bleift? Net nëmmen d’Wëssen aus de Workshops, mee d’Gefill, net eleng ze sinn: Vill verschidde Leit, vill verschidde Weeër, een Zil.
D’move.ler (déi Jonk vu move.) ware begeeschtert vun der Villfalt a si mat vill Input, neien Iddien an Usätz heem komm. Sonndes Mëttes si mir midd, awer zefridden erëm an den Zuch a Richtung Lëtzebuerg geklommen.
Wee nach méi wëll wëssen, kann sech deemnächst op eng nei Folleg vum fënnefopzwielef– Podcast freeën. Do erzielen d’move.ler wat si op der LCOY erlieft a matgeholl hunn. De Podcast fannt Dir deemnächst op Spotify oder op Radio Graffiti. Eppes ass awer scho mol sécher: move. war net déi läscht Kéier op der LCOY.
Date de publication : 21.10.2026