Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Een Nomëtten mam Mazin Qumsiyeh

Add to iCal   >

—-Ween ass de Mazin a wat maache mer?—-

De Mazin ass Direkter vum “Musée naturel palestinien”, Chercheur, Professer, Auteur an Aktivist. Hie setzt sech a senger Heemescht Palestina, fir d’Ëmwelt a Mënscherechter an. Komm laanscht op e flotten Nomëtten an Tausch dech aus mat engem ganz engagéierte Personnage!

Mir wäerten op dësem Nomëtten zesumme mam Mazin iwwert d’Defis’en vun der Landwirtschaft diskutéieren. De palestinenseschen Aktivist huet eng Hellewull u spannende Geschichten aus senger Heemescht am Gepäck wou d’Defis’en oft nach eng Nummer méi grouss si wéi bei eis zu Lëtzebuerg. Ma iwwerall op der Welt ginn et engagéiert BiergerInnen déi zesummen u Léisunge schaffen. Eng dovunner ass den Engagement a Gemeinschaftsgäert fir och esou erem e Bezuch zu eisem Iessen hierzestellen.

Du hues Bock laanscht ze kommen an de move.Gaart an dobäi ze si wann de Mazin eis besicht? Einfach hei aschreiwen oder maach eng Mail op move@oeko.lu, sou kenne mer aschätzen zu wéi vill mer sinn.

—Wat ass de move.Gaart?—-

De move.Gaart um Haff “A Sewen” zu Meespelt, ass e Gemeinschaftsgaart Projet vu Jonke fir Jonker. Mir plangen an ënnerhalen de move.Gaart zesumme mat den Awunner vum Haff mam Zil eist eegent Geméis unzebauen an z’Iessen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci