move.Gaart & OPEN SUNDAY um Haff a Sewen
Add to iCal >Zesumme mam Team Haff a Sewen luede mer op e gemittlechen Daach am move.Gaart an. Ab 11h30 ka jidderee kommen.
Wat steet un ?
- Zesumme kachen an iessen
- Geméis recoltéieren a ready maachen
- Atelier’en nom Iessen (Upcycling, Geméis amaachen, Deko&Bänke fir de Gaart bauen)
- Duerno géint 16h kënnen dann och Leit Geméis kafe kommen. Sot also roueg äre Frënn a Famill Bescheed dat se kenne laanschtkomme fir hiert frëscht Geméis direkt vum Feld sichen ze kommen.
Wéi kommen ech dohinner?
Mam Bus 262 vun der Charly’s Gare an der Stad – De Bus Arrêt heescht “Bei Mëllesch” zu Meispelt.
www.mobilitéit.lu – Méi Info’en & Fotoe vum Haff wou de move.Gaart ass fannt der op der Facebook Säit vum “Haff a Sewen”.
https://www.facebook.com/pg/Haff-A-Sewen-831334850375929/about/?ref=page_internal
Du hues nach Froen? Zéck net a mell dech beim Cédric iwwer move@meco.lu oder ruff him un um Tel: 43 90 30 – 33
Mir freeën eis !
Äert move. & Haff A Sewen Team
Loading Map....