Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Move. Summercamp 2019

Add to iCal   >

Du hues Loscht op e relaxe Weekend mat vill Natur, Workshops, en Austausch mat jonke Baueren op hiren Häff, a ganz niewebäi och nach gemittlech Owender beim Lagerfeier mat interessanten neie Leit? De move. Summercamp ass fir jiddereen deen zesumme mat anere Jonken eppes beweege well. Mir wäerten och iwwer aktuell Themen diskutéieren, zesumme kachen a flott Aktivitéiten dobaussen ënnerhuelen.

Programm:

Freides – 13.Sept.

Ab 15h: Ukommen a kenneléieren

17h30h: Austausch Jonk Baueren

20h00: Kachen um Lagerfeier

Samschdes – 14.Sept.

9h – 10h: Waakreg ginn a Moiesiessen

10h – 12h: Visitt Bauerenhaff – an Austausch – 12h-14h: Zesumme kachen ass einfach emol nice!

14h – 18h : Grouss Aktivitéit an der Natur zum Thema Déiereschutz, Juegd a Bësch

19h – 21h: Grillen emol anescht!

21h30: Owesaktivitéit

Sonndes – 15.Sept.

9h – 10h: Waakreg ginn a Moiesiessen

10h – 12h: Visitt Bio-Bauerenhaff – an Austausch

12h – 13h : Mëttesiessen

13-17h : Schwammen, Kayak an Ofschloss

Dëse Weekend fënnt am Chalet Misärshaff statt. Et fuere reegelméisseg Busser dohin: www.mobilitéit.lu . Mir organiséieren awer en Transport vun der Staat an Ettelbréck aus – Freides dohin a Sonndes zeréck.

https://www.misaershaff.lu/

Mell dech an deng Kollege gratis un op www.move.meco.lu oder iwwer move@oeko.lu.

Du hues nach Froen? Zéck net a mell dech beim Cédric iwwer move@meco.lu oder ruff him un um Tel: 43 90 30 – 33 (ab 3. September erëm um Büro)

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci